BEGIN:VCALENDAR
VERSION:2.0
METHOD:PUBLISH
CALSCALE:GREGORIAN
PRODID:-//WordPress - MECv7.14.1//EN
X-ORIGINAL-URL:https://reckange.lu/
X-WR-CALNAME:Reckange-sur-Mess
X-WR-CALDESC:Site Internet de la commune de Reckange-sur-Mess
REFRESH-INTERVAL;VALUE=DURATION:PT1H
X-PUBLISHED-TTL:PT1H
X-MS-OLK-FORCEINSPECTOROPEN:TRUE
BEGIN:VEVENT
CLASS:PUBLIC
UID:MEC-d958bc7285c14d6f775973d6d723d17b@reckange.lu
DTSTART:20211023T150000Z
DTEND:20211023T210000Z
DTSTAMP:20211028T063900Z
CREATED:20211028
LAST-MODIFIED:20211028
PRIORITY:5
SEQUENCE:0
TRANSP:OPAQUE
SUMMARY:Halloweenlaf
DESCRIPTION:D’Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht mat der Sportskommissioun, presentéiert den\n\nHalloweenlaf\nden 23. Oktober 2021 bei der Sportshal zu Reckeng\nEenzellaf fir Kanner op engem méi klengen Tour!\n\nFir Iessen a Gedrénks ass gesuergt!\n\n\nProgramm:\n18.00 Auer: Kanner aus der Spillschoul bis 2. Schouljoer (10 Min.)\n18.15 Auer: Kanner aus dem 3. bis 6. Schouljoer (20 Min.)\nAb 19.00 Auer lafen déi Grouss (90 Min.)\n\nParticipatioun:\n\nOPGEPASST! Nëmmen Umeldung op der Plaz. Kanner lafe gratis\n15 Euro pro Equipe virum Départ op der Plaz. Nordic Walker si wëllkomm! Keng Reduktioun fir eenzel Leefer.\nAll Tuer zielt! Pro Ronn spent d‘Gemeng 1 Euro fir de gudden Zweck!\n\nCHARITY-RUN\nEt gëtt keng Zäit gemooss\n\nSécherheetskonzept:\nDe Site ass fir maximal 300 Leit zougelooss. Falls des Zuel erreecht sollt ginn, behalen d’Veranstalter d’Recht den Accès op de Site ze reguléieren. Dir kënnt ären eegene Schnelltest matbréngen an dësen ënnert der Opsiicht vun eisem Gesondheetspersonal maachen. Fir laang Schlaange beim Antigen-Schnelltest am Agank ze vermeiden, biede mir iech awer, op eng vun dëse Méiglechkeeten zeréckzegräifen:\nImpfbescheinegung (QR code vu myguichet.lu)\nBei 2 Dosen, ab dem Dag vun der 2. Dosis.\nBei enger Dosis „Janssen“ ab dem 14. Dag no der Impfung.\nNegativt Covid-19-Testzertifikat (ab 6 Joer)\nDe PCR-Test (LST, Labo) ass 72 Stonne gülteg.\nDen zertifiéierten Antigen-Schnelltest (aus der Apdikt) ass 48 Stonne gülteg.\nGenesungszertifikat (QR code vu myguichet.lu)\nGülteg tëschent dem 11. an 180. Dag nom positive PCR-Test.\n\nWell dës Manifestatioun am Fräie stattfënnt, mussen ënnert dëse Sécherheetsmoossname keng Restriktiounen agehale ginn. D‘Mask ass net obligatoresch, mee dir kënnt se unhale wann dir wëllt. Fir den Accès op d’Toiletten an der Sportshal ass d’Mask obligatoresch.\n\nAll d’Kanner ab 6 Joer, déi beim Laf matmaachen, mussen och getest ginn. Mir bieden ab 17.00 Auer do ze sinn, sou dass d’Kanner de Startschoss net verpassen.​\n
URL:https://reckange.lu/events/halloweenlaf/
ATTACH;FMTTYPE=image/jpeg:https://reckange.lu/wp-content/uploads/2021/10/20210922-FLYER-HALLOWEENLAF.jpg
END:VEVENT
END:VCALENDAR
