BEGIN:VCALENDAR
VERSION:2.0
METHOD:PUBLISH
CALSCALE:GREGORIAN
PRODID:-//WordPress - MECv7.14.1//EN
X-ORIGINAL-URL:https://reckange.lu/
X-WR-CALNAME:Reckange-sur-Mess
X-WR-CALDESC:Site Internet de la commune de Reckange-sur-Mess
REFRESH-INTERVAL;VALUE=DURATION:PT1H
X-PUBLISHED-TTL:PT1H
X-MS-OLK-FORCEINSPECTOROPEN:TRUE
BEGIN:VEVENT
CLASS:PUBLIC
UID:MEC-67772d6e54bc393a6f67e16bac3f83da@reckange.lu
DTSTART:20220414T083000Z
DTEND:20220414T163000Z
DTSTAMP:20220316T072000Z
CREATED:20220316
LAST-MODIFIED:20220316
PRIORITY:5
SEQUENCE:0
TRANSP:OPAQUE
SUMMARY:Ouschtereeërsich-Rallye zu Eileng
DESCRIPTION:D’Éilenger KonschtWierk invitéiert Iech, bei eiser flotter Ouschtereeërsich mat ze maachen !\nWéini ?\nGréngen Donneschden, 14. Abrëll 2022\nWou ?\nDepart an Arrivée beim Éilenger KonschtWierk (7F, am Brill L-3961 Éileng op der Mess)\nDir kënnt tëscht 10h30 a 14h30 äre Kierfche bei eis ofhuelen an da vun do aus de gezeechente Wee lass goen.\nWat genau ?\nAll Kand kritt bei eis en flotten handgemaache Weidekuerf, dee soll bei der Ouschtereeërsich gefëllt ginn.\nOp eiser Ouschtereeërsich gitt dir en Wee of dee mir Iech op enger einfacher Kaart matginn. Op dësem Wee si verschidde faarweg Eeër verstoppt. Zil ass et, een Ee vun all Faarf ze fannen a mat dem gefëllte Kierfche rëm zréck bei eis ze kommen. Hei ginn dann d’Eeër géint flott a lecker Artikelen aus eisen Atelier’en getosch. Ënnerwee sinn e puer Spiller an Aktivitéite fir all Alter geplangt.\nFir wien ?\nDësen Event adresséiert sech un Elteren, Tatta’en, Pätter’en, Grousselteren, Educateuren oder all aner interesséiert Persoun, déi wärend der Ouschtervakanz eng flott Aktivitéit mat de Kanner (bis ca. 12 Joer) wëlle maachen.\nWat kascht et ?\nPro Kand wat e Kuerf kritt fir Eeër ze sammelen, froe mir eng Participatioun vun 18,00 €. D’Kand kann duerno de Kuerf halen a kritt en Echange vun de gesammelte faarwegen Eeër säi Kuerf mat flotten a leckeren Artikele gefëllt.\nWien si mir ?\nD’Éilenger Konschtwierk ass en Atelier protégé et thérapeutique a gehéiert zu der ATP a.s.b.l. (www.atp.lu). Mir hunn e Restaurant op der Platz a bei eis kënnt Dir och eis verschidden Atelier’en entdecken.\nWéi mellen ech eis un ?\nFir d’Umeldung biede mir Iech eis eng E-Mail un eilenger.konschtwierk@atp.lu ze maachen. Dir kritt da weider Informatioune wéi dir bezuele kënnt. Eréischt wann Dir bezuelt hutt, ass är Umeldung garantéiert.\nA bei schlechtem Wierder ?\nD’Wierder spillt net mat oder dir kënnt kuerzfristeg awer net kommen obwuel dir ugemellt sidd ? Kommt trotzdeem äre gefëllte Kierfche bei eis déi Deeg drop sichen.\nFir Iessen a Gedrénks ass gesuergt. Et gëtt Gegrilltes, een Zalotebuffet a Kaffi a Kuch – do fënnt jiddereen eppes wat him schmaacht.\n
URL:https://reckange.lu/events/ouschtereeersich-rallye-zu-eileng/
ATTACH;FMTTYPE=image/jpeg:https://reckange.lu/wp-content/uploads/2022/03/ouschter21-copie.jpg
END:VEVENT
END:VCALENDAR
