logo

Ahornblättrige Platane – Baaschtert Platan

D’Baaschtert Platan ass d’Resultat vun enger Kräizung vun der Orientalescher an der Westlecher Platan. Si gëtt haaptsächlech a Parken a laanscht d’Stroossen ugeplanzt, well si d’Ofgase vun den Autoen gutt verdréit.

Hiert Holz huet eng schéi reng Maserung a gëtt dofir fir feine Plackage gebraucht.

Hir glat Schuel léisst sech no a no mat klenge Stécker lass a fällt erof, esou dass méi Plaz entsteet fir eng nei Haut.

Info:

D’Schuel vun der Eech, déi net esou deenbar ass, räisst bei Spannung op, bleift awer um Bam an drënner wiisst eng nei Haut no. (Dofir ass d’Schuel esou geraddereg)

D’Schuel vun deene meeschte Beem ass net dehnbar, platzt op a muss dofir erneiert ginn, grad esou wéi bei de Schlaangen. D’Schuel vun der Bich ass awer dehnbar a brauch net erneiert ze ginn, grad esou wéi bei den Déieren a bei de Mënschen.

Aller au contenu principal