logo

An eiser moderner, digitaliséierter Welt ass “Natur an Ëmwelt” nëmmen nach e Wuert dem seng Bedeitung ëmmer méi aus dem Denke vun de Leit verschwënnt, an nach just eng Floskel ass, déi nach heiansdo an der Zeitung an op der Telé ernimmt gëtt.

An de Naturschutzversammlungen hu mir gemengt et kënnt een nëmmen eppes schützen, wat ee géif kennen, a mir hunn de Leit d’Schéinheete vun der Natur op eise Sortië gewisen ënnert dem Motto “Laaft net stuer, kuckt d’Natur”.

Ech sinn dacks op engem klenge Wee laanscht d’Mess spadséiert, an do sinn ech da Leit begéint, déi gesot hunn: “Hei stinn esouvill Straicher a Beem, schued dass een se net kennt”. Duerch déi Bemierkungen ass bei mir den Ustouss komm fir hei e Léierpad unzeleeën. Ech wënschen, dass dee Wee hei, deen eng Realisatioun vun der Sicona ass, an ënnert dem Protektorat vun der Gemeng ugeluecht gouf, munch Leit ureegt fir de Wee zréck an d’Natur ze fannen.

Wa mir elo hei d’Virwuert op eisem Handy gespäichert hunn, da gi mer de biergof Direktioun Mess, wou mer da laanscht d’Mess Direktioun Éileng 40 Beem a Straicher virgestallt kréien, wat fir eng Bindung eis Virgänger mat der Natur haten a wéi se vun de Beem a Straicher profitéiert hunn, (Téi a Friichten) wat iwweregens vill Leit och nach haut maachen. Och d’Heck misst net onbedéngt verschwannen, wann den Trakter méi grouss gëtt.

Ech hoffen, dass déi Initiativ, déi eis Gemeng geholl huet, vill vun de Leit (Touristen) a vun de Schoulen an de Gebrauch geholl gëtt, a benotzt gëtt fir sech op eng einfach Manéier aalt Wëssen unzeeegenen.

Aller au contenu principal