logo

Sorbus torminalis kënnt vun tormina = Duerchfall (Schësser). Ë gëtt och a ville Géingende “Schësserbam” genannt. E gëtt 100 Joer al an 20 Meter héich, a war viru kuerzem de Bam vum Joer.

Seng Friichten, déi net vu Vullen gefriess ginn, verdréchnen a kréien eng ganz fest Schuel, dass ee soe kann “se sinn mumifizéiert.” E kann sech net iwwer seng Friichte vermehren, well eng keimungshemmend Substanz dran ass. Eréischt wann de Käer duerch dem Villchen säi Mo gaang ass, héiert d’Keimungshemmung op an e ka kéngen.

D’Holz huet ganz reng Maseren, et gëtt vu munneche Leit gesicht fir Miwwelen. Et ass rar, an dofir deier.

Haapsächlech ginn d’Friichte geholl fir dem Viz e bessere Geschmaach ze ginn.

Aller au contenu principal