logo

De laténgesche Numm „campestre″ kënnt aus dem laténgesche Wuert „campus“ – das Feld – a well d’Felder meeschtens flaach sinn, kënnt säi Numm vun sénge flaache Friichten.

De Bam kann 150 Joer al ginn, an e Stamm vun engem Meter Duerchmeesser hunn.

Fréier hunn déi aarm Leit, déi net genuch Land haten fir hir Kou an hirt Schwäin ze fidderen, vill Maasselter geplanzt. Dee kann ee „schneiteln“, dat heescht 4-5 mol am Joer e Stéck vu séngen Äscht ofschneiden fir d’Béischten ze fidderen.

Dem Maasselter seng Blieder zersetzen sech séier, dofir gi se gebraucht fir Mulch a Kompost ze maachen.

De Bam liwwert wäertvolle Parket, Plackage, Dëschplacken an Holzkuele fir ze grillen.

Aller au contenu principal