logo

De Schnéiball ka 4-5 Meter héich ginn, seng Bléien hunn e grousse wäisse Rand fir Beien, Mécken a Seechomëssen unzelackelen. Si sinn awer onfruchtbar. Bannen dran sinn onscheinbar wäissgiel Bléien mat vill Nektar a Pollen. Am Summer kréien se Friichten déi ongenéissbar sinn fir de Mënsch, well se sauer sinn a liicht gëfteg. Well esouguer d’Vullen se net gär hunn, bleiwen se bis an d’Fréijoer um Strauch hänken.

An de Gäert hunn d’Leit eng Zuuchtform dovun, mat schéine grousse wäisse Bullen, déi awer keng Insekten ulackelen, well se keng Bléien mat Nektar a Pollen hunn.

Aller au contenu principal