logo

D’Esch kann 200 Joer al ginn an si ass deen héichste Bam bei äis. Hire laténgesche Numm seet äis dat. “Fraxinus excelsior” kënnt hier vun Excelsior, dat heescht “hoch hinaus” 40 – 45 Meter gëtt si héich.
D’Esch ass och eng Heelplanz. Hiren Téi hëlleft bei Rheuma, beim Stoffwiesel a beim Waasserloossen.
Momentan ass e grousst Eschestierwen am gaang, verursaacht duerch e Pilz a Milben.
D’ Eschenholz ass zéi an elastesch, dofir gëtt et vill gebraucht:

a. Fir Aarbechtsgeschier:

Axt
Schëppestill
décken Hummer
Täissel vum Won

b. Beim Sport:

Schier (am Schnéi, fréier ware si aus Holz)
Barren (beim Turnen)
Ruder fir Booter

c. An och nach fir:

Rieder um Won
Rolllueden
Sprëss fir d’Leeder

Aller au contenu principal