logo

Fréier huet ee se och nach “Hagrose” genannt, well hir Friichten heeschen nach ëmmer “Hagebutten”. Als Heelsplanz hëlleft den Téi bei Erkältung, Gripp a verbessert d’Ofwierkräfte duerch hir Vitaminen.

Am Haus gëtt se als Gebees genoss.

D’ Rous huet keng Där mä Stachelen.

Beweis: En Dar kënnt aus dem Holz, e Stachel sëtzt op der Haut (mir kënnen hien ofdrécken)

De Feeler bei hirem Numm ass awer agebiergert bei “Keine Rosen ohne Dornen” wat richteg misst heeschen“ohne Stacheln”.

Grad esou kenne mir d’Märchen vum “Dornröschen” wat awer misst “Stachelröschen” heeschen.

Aller au contenu principal