logo

Korbweide – Kuerfweid – Flechtweid – Bannweid

D’Kuerfweid gëtt 3-8 Meter héich an 120 Joer al. Wann hir Äscht bis 2,5 Meter laang sinn, da gi se geschnidden – 2 Mol am Joer. D’ Äscht ginn am Waasser geweecht an dann zu Kierf geflecht. Op der Musel goufen se och nach geholl fir d’Drauwestäck un d’Staachen unzebannen, dofir den Numm “Bannweid”.

Et konnt een sech keen Haushalt oder Bauerenhaff ouni Kuerfweiden virstellen, an domat haten déi al Leit eng Beschäftigung fir de Wanter. Fir mei Kuerfweiden ze kréien, huet ee nëmme brauchen Rudden an de Buedem ze stiechen; an e puer Deeg waren se schonn ugewuess. Se waren och nach ee Nieweverdéngscht fir vill Leit, well vill Flechtwueren (Kierf etc) goufen fréier fir vill Geld an Amerika geliwwert.

An munneche Géigenden hunn d’Leit mat Weiden an Hieselter Reefer fir d’Vizfässer gemat.

Aller au contenu principal