logo

De Kierelter, deen 100 Joer al, bis 6m breet an 3-4 m héich, ka wuessen als Strauch, kann awer och als Bam wuessen. Hien ass e „Frühblüher“, dee schonn Enn Februar bléit an dofir ganz wichteg ass fir d’Beien. Seng Friichten kann een iessen wann se zeideg sinn. Si enthalen vill Vitamin C a 14% Zocker. Mir kënnen doraus Gebees, Saft, Wäin, Likör an Drëppe maachen.

E liwwert ganz haart Holz wat geholl gëtt fir Reesbengelen, Speechen a Wonrieder, Leedersprëss a Prabbelisstaangen. Well säin Holz sech schwéier spléckt, hun d‘Réimer et fir hir Lanzen geholl an och heiandsdo fir e Bou ze maachen.

Aller au contenu principal