logo

Wann d’Paschtéier oder de Bëschof bei enger Feier optrieden, hu si rout Kapen op, déi de Friichten vum Pafenhittchen gläichen, well si vun engem roude Mantel ëmwéckelt sinn.

Seng jong Äscht si véiereckeg an d’Planz kann e Strauch oder e Bam vun 2-6 Meter héich sinn. E gëtt am Fréijoer vun enger Matt (Gespinstmotte) hirer Larv vun engem Filet (Gespinst) iwwerzunn. D’ Larven friessen dachs de Bam komplett “kahl”.

E kritt dann nei Blieder déi net méi gefriess ginn, well si net méi esou gutt schmaachen. D’Fruucht ass gëfteg fir d’Leit, 35 Stéck sinn déidlech. Dogéint kënnen d’Villercher se awer friessen well si kacken se séier eraus éier d’Gëft an d’Blutt iwwergeet.

Fréier si mam Holz Strécknolen a Schongneel gemaach ginn.

Aller au contenu principal