logo

De rouden Ahorn, e Bam deen 150 Joer al gëtt, ass scho säit e puer Honnert Joer aus Kanada a Nordamerika an Europa ukomm. Well hie kee wäertvollt Holz huet, gouf hien net heefeg ugeplanzt bis am leschte Joerhonnert, wou e wéinst senge knallrouden Blieder en heefege Bam an de Parken an an dën Alleeen war, an de Bléck vun de Spazéiergänger op sech gezunn huet. D’Blieder huelen d’Kanner gär beim Bastelen.

Am Hierscht wiesselen seng Blieder vu gréng iwwer giel, dann orange bis zou engem kräftege Rout, déi Faarw, déi him säin Numm ginn huet.

A senger Heemecht hunn d’Awunner seng Blieder genotzt als Heelmëttel géint Krämp an Entzündungen, an aus sengem Bast (tëschent Stamm an Schuel) hu si e Sirup gebraut géint d’Aaenentzündung.

Aller au contenu principal