logo

Roteiche – Rout Eech – Amerikanesch Eech

Den Numm « Rout Eech » bezitt sech op déi schéi rout Blieder, déi am Hierscht um Bam hänken, an de Numm amerikanesch Eech seet äis vu wou de Bam virun 200 Joer heihikoum.

Wéinst senger schéiner „Hierschtfärbung“ gëtt e vill als Zierbam oder als Parkbam ugeplanzt.

Well de Bam vill méi séier wiisst wéi eng normal Eech, ass hie vill ugeplanzt gi fir méi séier Holz ze liwweren. E kann awer keng Eech ersetzen, well säin Holz net esou fest ass.

E gëtt awer geholl fir Zargen an Trapen.

Aller au contenu principal