logo

De Numm “Roter Hartriegel” kënnt dohir, well seng Äscht sech am Summer op der Sonnsäit rout fierwen, a spéider ganz rout ginn.

De Numm Hartriegel kënnt aus deem alen héichdäitschen “Hartrugil” = hartes Holz.

Dofir hunn d’Griechen an d’Réimer et gebraucht fir hir Lanzen ze maachen. Haut maachen d’Leit sech och nach Reesbengelen an Hummerstiller dovun.

Am Mëttelalter hu si et geholl fir Sécherheetsschlässer.

Interessant: De Brudder vun der Haartrutt ass de Kierelter, deem mir scho begéint sinn: Si hunn allebéid ënnerschiddlecht haart Holz. De Kierelter ass nach ë bësse méi haart ewéi d’Haartrutt. Well Männer jo am Prinzip méi staark sinn ewéi Fraen, gesinn mir dat am laténgesche Numm

Cornus mas (Ofkierzung vu masculinum = männlich),

Cornus fem (femininum – weiblich) gouf et fréier genannt,

awer haut gëtt se “Cornus Sanguinea” genannt.

Aller au contenu principal