logo

De Numm « salix caprea » seet äis, dass an der Planz Salicilsaier virkënnt, déi mir erëmfannen an de Medikamenter Aspro an Aspirin géint Rheuma, Féiwer a Gripp.

Deen zweete Numm « caprea » = Geess, huet se well d’Äscht gäer vun den Geessen gefriess goufen.

Fréier stung de Bam esouguer ënner Naturschutz well hie schon am Maerz de Beien déi éischt Nahrung liwwert.

Säi liicht Holz hu se geholl fir Prothesen ze maachen.

Si ass déi eenzeg Weid, déi net muss beim Waasser stoen. Et fënnt een se vill um Beschrand, dofir de Numm „Bëschweid“. Vum 8. Joerhonnert un goufen an Europa der Bëschweid, déi jo ëm Ouschtere blitt, hir Äscht ofgeschnidden an op Pällemsonndeg an der Kierch geweiht.

No der Mass hunn d‘Leit déi geweihten Äscht an den Eck vun der Iessbänk gestalt, en anere Bouquet koum op d’Felder an en drëtten an de Stall bei d’Véih.

Si waren do, fir an den Haiser op de Felder an am Stall déi béis Geeschter ze verdreiwen

Aller au contenu principal