logo

Am Mëttelalter hunn d’Leit gegleewt, dass d’Frau Holle, d’Schutzgöttin vun Haus an Haff, am Hielenter (Holunder) wunne géing, an dass si e gudden Hausgeescht wier. Dofir hire Numm “Holunder”. Eng aner Deitung seet de Numm kéim vun “Holuntar”, en alt däitscht Wuert fir “hohler Baum”, well seng Äscht sinn huel bannen an. An all Aascht ass wäiss Muerch.

Wann een laanscht en Hielenter gaang ass, dann huet ee missen den Hutt ofdoen soss ass ee bestrooft ginn.

Den Hielenter war och d’Apdikt fir d’Famill. En hëlleft bei Houscht, deet äis schweessen, a vermëscht mat Lannentéi ass seng Wierkung nach besser, wëll zwee Paerd zéie jo méi ewéi eent. Am Wierksamsten ass hien bei “Virbeugen” vu Krankheeten. Ech hunn am Oktober a November 3 Mol am Daag dës Mëschung (plus Thymian) gedronkt, an hat an deene 40 Joer Schaffzäit keng Gripp, well si mäin Immunsystem gestäerkt huet.

Super! Wann der Bléien (ofgewäsch) an Deech zappt, dann a Frittefett, an dann Mielzocker droptstreet = eng Delikatess.

Hielenterlimonade kréien mir wann ee mat 50 Bléien, 6 Liter Waasser, 4kg Zocker, 3 Zitrounen ausgepresst, an aus der Apdikt 150gr Zitrounesaier mëscht – dann dat 24 Stonne stoe léisst (eventuell 2 Mol opréiert) da gëtt dat bal 7 Liter Sirup. Deen gëtt elo 1/6 oder 1/7 oder 1/8 mat Waasser verdënnt, deemno wéi séiss der e wëllt drénken.

Et kann een en och huelen fir en “Hugo” ze maachen. Mir kënnen och nach Wäin, Saft, Gebeess a Likör maachen.

Wichteg ass den Hielenter och fir eis Vullewelt, well en ass eng Tankstatioun fir d’Zuchvullen.

E puer Informatiounen:

Wa fréier e frustréiert Meedchen och emol wollt Jongebesuch kréien, dann huet et op d’Fënsterbänk vu senger Schlofkummer en Hielenterstrauch geluecht, dat sollt heeschen, d’Fënster ass op an eng Leeder steet nobäi. (A Bayern hu se dat “Fensterlen” genannt.)

En anere Brauch deen d’Wichtegkeet vum Hielenter beweist. Ass e Mënsch gestuerwen, huet de Schräiner en Hielenterbengel geschnidden an domat um Doudege gemooss wéi grouss dass d’Lued misst ginn. Beim Begriefness waren d’Paerd an den Doudewon mat Hielenteräscht gerëscht.

Am 100 jährege Krich sinn d’Zaldoten duerch Frankräich op an of gezunn, vu Schluecht zu Schluecht an ënnerwee hu se d’Häiser vun de Leit duerchwullt a no Iesswueren a no Wäertsache gesicht, well d’Leit si virun hinne fortgelaf. Si konnten all déi Saachen awer net mathuelen an hunn se dann doheem am Buedem agegruewen (wéi am Keller). Fir se no laanger Zäit erëmzefannen (awer d’Zaldote net) hu si iwwer déi Plaz en Hielenterstack geplanzt. Sou hu si déi Plaz erëmfonnt an d’Zaldote sinn och net duer siche gaang, well den Hielenter jo souwéisou bei den Haiser stoung.

Aller au contenu principal