logo

Schwarzerle – Schwaarz Eller, schwaarzen Alenter

D’Schwaarz Eller huet dëse Numm well hir Schuel donkel ass. Si gëtt +/- 120 Joer al a 25 Meter héich. An hire Blatachselen huet si gielbrongelzech Baert;

Hier Blieder falen gréng erof.

D’Eller ass deen eenzege Lafbam, deen Zapfen huet, de Som doran gëtt iwwer de Wanter zeideg a fällt am Fréijoer aus, an déi eidel, verholzten Zapfen bleiwen iwwer de Summer hänke mat deenen neie grénge vun dësem Joer.

D’Holz gëtt gebraucht fir holze Schong ze maachen, an och Drechsleraarbechten, Billerrummen, Bläistëfter, Sperrholz, Schéisspolver, Zigarekëschten an Holzkuelen.

Well d’Holz sech méi ewéi 100 Joer am Waasser hält, gouf et geholl fir Pfahlbauten. Mir fannen et et zu Venedeg bei de Kanäl, zu Amsterdam bei de Grachten an um Bodensee, wou d’Leit hir Haiser an d’Waasser gebaut hunn, da ware si geschützt virun Abriecher a wëllen Déieren.

A munneche Géigenden kruten veruerteelt Gängster kleng Schwaarzalenteräscht iwwer dem Kapp gebrach an da verstreet. Domat krutt d’Famill gewisen, dass hien aus hirer Gesellschaft auschgeschloss wäer.

 

Résumé vun 2-3- a 5.

Pëppelen, Weiden an Elleren gi laanscht d’Baache geplanzt well si solle jo d’Ufer schützen a befestegen.

Pëppelen an Elleren stinn gäer mat de Féiss am Waasser a befestegen d’Ufer och an de Meanderen (Kéieren) an d’Weiden sollen nëmmen op riichte Strecken geplanzt ginn. Bei de Meanderen gi si vum Waasser ënnerspullt a falen ëm, well hir Wurzelen net ënner d’Waasser ginn.

Aller au contenu principal