logo

Hir Blieder si méi grouss wéi déi vun der Wanterlann, dat héiere mir aus dem franséischen „Tilleul à grandes feuilles“ an och aus dem wëssenschaftlechen Numm „platyphyllos“ dat aus dem Griichesche “platys = breet“ a „grouss a phyllon“ = Blat kënnt.

Beim Blat ass de Still an déi zwou Säiten liicht muusseg. An den Achselen huet d’Blat wäiss Bäert. Seng 3 Nossfriichten si staark verholzt an et kritt ee se bal net plattgedréckt.

Komesch ass, dass d‘Bäert vun der Summerlann wäiss sinn, wat net bei d’Summerlann passt, an déi vun der Wanterlann routbrong, wat net bei d’Wanterlann passt. Ëmgedréint wir méi normal.

Aller au contenu principal