logo

De Spirebam, 10 Meter héich an 150 Joer al, war viru kuerzem “Baum des Jahres”. En huet biereförmeg Friichten. Nërdlech vun den Alpen gouf hien an de Wäibaugebidder ugeplanzt, well do d’Klima méi mëll ass. Fréier hunn d’Leit vill Viz gemat an dann hu se d’Friichte vum Spirebam dem Viz bäigemëscht, an esou krut deen e bessere Goût , e gouf méi kloer an en huet méi laang gehal.

A sengem Som si keimmungshemmend Stoffer déi sech am Vullendaarm opléisen an et kann e néie Bam keimen.

D’Holz, dat ganz fest ass, hu se geholl fir de “Bug” vu Schëffer ze maachen, an deen huet de “Welleschlag” vum Mier ofgehal. Aus dem Holz hunn se och Holzschrauwe gemat. Niewt Gebees gouf och aus de Friichten eng gutt, awer och rar an deier Drëpp gemaach.

Am Joer 1902 gouf no enger Zählung bekannt, dass am Land 1102 Spirebäm stoungen. Well duerno vill manner Viz gemat gouf, ass d’ Zuel 2003 bis op 100 erof gaang.

Momentan si Bestriewungen do, fir de Spirebam an der Muselgéigend erëm unzeplanzen.

Aller au contenu principal