logo

Spitz(blättriger) Ahorn – Spatz(blat) Ahorn

Dësen Ahorn hat ëmmer säi Numm „Spitz-Ahorn“, wat u sech komesch ass, de Bam ass nämlech net méi spatz ewéi déi aner, mee seng Blieder si spatz. Dofir fänke munch Bamspezialisten un „spitzblättriger Ahorn“ ze schreiwen.

Joerhonnerte laang hat hien de Numm „Baum der Ruhe und Besinnung“. Wann ee Problemer hat, dann ass ee sech drënner sëtze gaangen an et huet een an aller Rou iwwert seng Problemer nogeduecht an de Bam huet da gehollef eng Léisung ze fannen.

E steet vill a Parken an Alleeën, seng Blieder zersetze sech schnell a liwwere gudde Kompost a Mulch.

D’Holz ass ganz hell mat feine Maseren a gouf gebraucht vu Leit, déi hell Wunnengen a Schlofkummere wollten. Et ass och geholl gi fir Museksinstrumenter.

Am éischte Weltkrich, d’Leit waren aarm, hu si versicht aus dem Bam, dee se ugezaapt hunn, Zocker ze produzéieren, mä mat 3,5% huet et sech net rentéiert.

An Nordamerika an a Kanada, d’Heemecht vun den Ahornen, gëtt et en Zockerahorn. An deem säi Stamm gëtt e „V“ ageritzt an da kann een d’ganzt Joer Saaft opfänken, pro Bam 50 bis 150 Liter Saaft fir 12 bis 35 kg Zocker. Doduerch gëtt et Ahornzocker an Ahornsirop ze kafen. Et ass jo ze verstoen, dass dës Bamaart heefeg ugeplanzt gëtt.

Aller au contenu principal