logo

Et heescht „wolliger Schneeball“ well seng Blieder muusseg sinn. D’Mouderséilchen richt intensiv gutt a gëtt vu villen Insekten (Beien, Mécken, Kiewerlécken) ugeflunn, well et vill Pollen a Nektar huet (5m héich).

Interessant gëtt et no der Bléi. Wann d’Friichte kommen, sinn se fir t’éischt gréng, duerno giel roudelzech, dann knallrout an zum Schluss pechschwaarz. D’Friichten ginn awer net mateneen zeideg, esou hu mer op enger Planz gréng a roudelzeg a knallrout a pechschwaarz Friichten.

D’Friichten si fir de Mënsch liicht gëfteg, si gräifen de Mo an den Daarm un an et kann engem schwindelech ginn. Dofir heescht de Strauch och a ville Länner „Schwindelbeere“. An de Südlänner kachen d’Leit Gebeess dervun. A munneche Géigenden goufen d’Rudden geholl fir ze flechten a fir Gaarwen ze bannen.

Aller au contenu principal