Minisolaranlagen – Infoversammlung a Workshop
D’Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht mam Klimateam, huet de Marcel Barros, Spezialist fir alternativ Energien, invitéiert fir eng
Infoversammlung a Workshop
Den 20. Juni 2023 um 17.00 Auer am Pëtzenhaus
- Wéi kann ech mat enger Minisolaranlag Stroum produzéieren?
- Wéi funktionnéiert eng Minisolaranlag?
- Wéi vill Solarmoduler däerf ech installéieren?
- Rentéiert dat sech?
- Brauch ech fir d’Installatioun en Elektriker?
- Wat geschitt, wann ech méi produzéiere
- wéi ech den Ament verbrauchen?
- Brauch ech eng Baugeneemegung?
- Wat fir eng Subside ginn et fir wéi eng Solaranlagen?
Dës a vill aner Froe gi beäntwert an duerno gëtt am Workshop d’Installatioun presentéiert.