Reckenger Chrëschtmaart

D’Gemeng Reckeng op der Mess invitéiert op de

Reckenger Chrëschtmaart

Samschdes, de 2. Dezember 2023 ab 14.00 Auer

– Wanterlech Stëmmung op der Reckenger Duerfplaz

– Eis lokal Veräiner a Betriber suerge fir Iessen a Gedrénks

(Grill, Glühwäin & -Gin, Gromperekichelcher, Raclette, Kniddelen, Waffelen, …)

– Besuch vum Kleeschen a senge Frënn um 15.00 Auer

– Traditionellen Handwierksbazar

– Mat Lamawanderungen a Päerdskutschpromenaden

Wichteg Informatioun:

Offallgestioun um Reckenger Chrëschtmaart

Léif Visiteuren,

Mir hunn nach bis den 1. Januar 2025 Zäit fir eis Fester offallfräi ze maachen. Ob Plastik oder biodegradabel, ab deem Moment dierfe mir keen Eewee-Material méi benotzen.

Um Reckenger Chrëschtmaart stelle mir Iech fir verschidde Produiten (Kniddelen, Chili, Fritten etc.) wiederverwendbar Schosselen a Barquetten aus recycléierbarem, BPA-fräie PP & PET zur Verfügung. Se si liicht an onzerbriechlech an et passt vill dran. No all Benotzung gi si an eisem Spullweenche gespullt a kënnen dann erëm an de weideren Oflaf integréiert ginn.

Fir esou mann ewéi méiglech Behälteren ze verléieren, froe mir 5,00 € Pfand pro Behälter. Dir gitt also bei Ärer Bestellung ëm zousätzlech 5 Euro gefrot, déi Dir zeréckkritt soubal Dir Är Schossel oder Är Barquette nees ofgitt, am Beschte bei deem Stand wou Dir Äre Produit kaaft hutt. An dësem Sënn biede mir Iech, Boergeld matzebréngen.

Alternativ kënnt Dir och Är eege Behälter matbréngen. (An d‘Schossel passen ca. 750 ml, an d‘Barquette ca. 400 ml)

Zéckt net dës Informatioune mat Äre Matmënschen ze deelen. Merci fir Är Kooperatioun an Äert Versteessdemech.

L'événement est terminé.

Date

Déc 02 2023
Expiré!

Heure

14:00
QR Code
Aller au contenu principal