
D’KultuReck a.s.b.l. an D’Frënn vun de Kierchen aus der Gemeng Reckeng a.s.b.l. lueden an op de
KINO AN DER KIERCH
ZU LAMPECH
SAMSCHDES, DEN 31. MEE 2025
19.00 AUER: Don Camillo & PepPone mam Fernandel. Adaptatioun vun 1952 nom gläichnamege Roman.
- ab 12 Joer / Dauer ca. 90 Minuten
SONNDES, DEN 1. JUNI 2025
18.00 AUER: Im Banne des Mondes (Riddler’s Moon), e Science-Fiction vum Don Mc Brearty, deen 1989 zu Lampech gedréint ginn ass. De Film spillt op der Gewan „Op Wisschen“, an a ronderëm Gebaier vum Här François Peffer. Et hunn och Lampecher Leit als Statiste matgespillt.
- ab 12 Joer / Dauer ca. 90 Minuten
Dësen Event fënnt am Kader vum Weekend vun den Oppene Kierche statt. Den Entrée fir d’Filmer ass gratis. Déi zwee Filmer sinn op däitsch, Reservatioun erwënscht um 621 21 30 49.
Déi zwee Deeg ass et méiglech eng Klengegkeet A Millesch z‘iessen an ze drénken.


