Abrochpräventioun – Info-Versammlung

Léif Matbiergerinnen a Matbierger,

D’3. Alterskommissioun vun der Gemeng Dippech invitéiert Iech, an Zesummenaarbecht mat der Police Lëtzebuerg an der 3. Alterskommissioun vun der Gemeng Reckeng op der Mess, op en interessanten an informativen Owend zum Thema:

„Präventioun vu Wunnengsabroch, Telefonbedruch (Arnaquen) an änlechen Delikter“

D’Police Lëtzebuerg gëtt Iech nëtzlech Informatiounen a praktesch Tipps, wéi Dir Iech am Alldag besser viru Bedruch an Abréch schütze kënnt.

Donneschdeg, de 15. Oktober 2026 um 19:00 Auer Centre culturel „Pontebier“ zu Schuller

Eng Umeldung ass net néideg – kommt einfach laanscht. Jiddereen ass häerzlech wëllkomm!

Mir freeën eis, Iech op dësem informativen Owend begréissen ze kënnen.

  • 00

    jours

  • 00

    heures

  • 00

    minutes

  • 00

    secondes

Date

Oct 15 2026

Heure

19:00
QR Code
Aller au contenu principal