De Faire Moiesdësch

D’Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht mat dem Fairtrade-Team, invitéiert op

De Faire Moiesdësch

+++ GREEN EVENT +++

Samschdes, de 27. Abrëll 2024 ab 8.30 Auer am Centre de Rencontre „Um Buer“, Sall „Quäärten“ (2, rue de Roedgen zu Eileng)

Den Dësch gëtt mat fairen a regionale Liewensmëttel gedeckt. Donierwt gëtt e Stand vum Escher Weltbuttek an e Virtrag vum Här Karel Lambert zum Thema fair Moud.

Mellt Iech w.e.g. bis den 22. Abrëll 2024 un: 37 00 24 – 1

Dës Kéier steet de Faire Moiesdësch ënnert dem Logo „Green Events”.

Wat bedeit dat?
D‘Gemeng Reckeng op der Mess engagéiert sech hir Manifestatiounen esou nohalteg ewéi méiglech ze gestalten an den allgemenge Ressourcëverbrauch ze reduzéieren:

  • d‘Iessen an d’Gedrénks si fairgehandelt, regional oder esouguer lokal, an zum groussen Deel bio.
  • Mir verzichten op Eeweegeschier an op Plastik fir esou mann ewéi méiglech Offall ze produzéieren.
  • Mir trennen an entsuergen de Reschtoffall richteg.
  • Mir drécken dëse Flyer op 100% recycléierte Pabeier

Fir d’Ëmwelt nach méi ze schounen

  • sti Vëlosstännere beim Centre de Rencontre zur Verfügung.
  • encouragéiere mir eis Gäscht zu Fouss oder mam Bus ze kommen.(Bushaltestell „Am Pull” op der Dräikantonsstrooss – Linne 623 & 750)

Weider Informatiounen: greenevents.lu

 

L'événement est terminé.

Date

Avr 27 2024
Expiré!

Heure

08:30
QR Code
Aller au contenu principal