
De Reckenger Nordic-Walking-Treff
De Reckenger Nordic-Walking-Treff
Organiséiert vun der Reckenger Sportskommissioun an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Reckeng op der Mess an NORDIC GOen
Nordic Walking ass en ideale Sport fir jiddereen, deen no enger richteger sportlecher Erausfuerderung sicht oder fir déi, déi sech duerch Sport aktiv a soumat gesond hale wëllen. Nordic Walking ass eng einfach, sécher a ganz effektiv Trainingsform fir de ganze Kierper, reduzéiert Stress, mécht Spaass a, wéi bei all Ausdauersport, verbrennt Kalorien.
Wéi?
E Grupp vu maximal 25 Leit mat engem Trainer. Als Ufänger sidd Dir och wëllkomm, mee dir braucht Konditioun an eng gewësse Grondfitness. (ca. 6km/h iwwer Trëppel- a Bëschweeër zu Reckeng an Ëmgéigend.)
Präiss?
40 € (ze bezuele virum éischte Cours)
Wéini?
Ëmmer Samschdes Moies vun 10.00
bis 11.30 Auer. Treffpunkt: Sportshal
Eischte Cours: 26. Abrëll 2025
8 Seancë vun 90 Minutten
Kee Cours an der Päischtvakanz
Umeldung:
Fëllt dëse Formulaire aus a schéckt en un:fabienne.deldegan@reckange.lu
