De Reckenger Nordic-Walking-Treff

De Reckenger Nordic-Walking-Treff

Organiséiert vun der Reckenger Sportskommissioun an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Reckeng op der Mess an

Nordic Walking ass en ideale Sport fir jiddereen, deen no enger richteger sportlecher Erausfuerderung sicht oder fir déi, déi sech duerch Sport aktiv a soumat gesond hale wëllen. Nordic Walking ass eng einfach, sécher a ganz effektiv Trainingsform fir de ganze Kierper, reduzéiert Stress, mécht Spaass a, wéi bei all Ausdauersport, verbrennt Kalorien.

Fir déi éischt Séancë kënnt Dir Bengele geléint kréien.

Wéi?
E Grupp vu maximal 25 Leit. All Niveau ass wëllkomm.

Wéini?

  • 1x d‘Woch vum 18.04. bis den 13.06.2024 (ëmmer Donneschdes)
  • 8 Seancë vun 90 Minutten
  • Kee Cours an der Päischtvakanz

Um wéivill Auer a wou?
Um 18.30 Auer bei der Sportshal

Präiss?
50 € (T-Shirt inclus)

Umeldung bis den 01.04.2024 per Mail: fabienne.deldegan@reckange.lu

L'événement est terminé.

Date

Avr 18 2024
Expiré!
QR Code
Aller au contenu principal