De Virowend vun Nationalfeierdag

L’administration communale de Reckange-sur-Mess présente: Jeudi, le 22 juin 2023, sur le parvis de l’atelier communal (53, rue Jean-Pierre Hilger L4980 Reckange-sur-Mess)

La Veille de la Fête Nationale

18.30 heures: Te Deum à L’Eglise de Reckange
19.00 heures: Dépôt des Gerbes auprès du Monument aux Morts
19.10 heures: Cortège vers l’Atelier Communal suivi d’un vin d’honneur et Fête populaire

Sur scène:
20.00 heures: Breeverombel-Quartet (Jazz)
21.15 heures: Mental (Groupe de reprises Rock)

En collaboration avec: Déi Lampecher Fliichteschësser (Bar) Fiederball Reckeng (Grill) Isa At Home (Kniddelen et Chili) APERM (Gromperekichelcher et frites) Eilenger Konschtwierk (Gaufres et desserts, Sangria & Cocktails) & Oklahoma Dancers: Gin-Tonic

Gestion des déchets: Afin d’éviter un maximum de déchets, nous testerons un système de récipients lavables (Gobelets, bols et assiettes en PP et PET recyclable, sans BPA), en collaboration avec la jeune société luxembourgeoise Luloop. Pour les cautions, nous vous demandons de penser à votre petite monnaie. Merci pour votre coopération et votre compréhension.

Offallgestioun um Virowend vun Nationalfeierdag

Léif Awunner, léif Gäscht,

am Kader vu senge Manifestatioune schafft d’Gemeng Reckeng op der Mess zënter 5 Joer exklusiv mat biodegradabelem Material. Dat trëfft sech gutt, well zenter 2023 dierf ee keng Eewee-Plastiksobjete méi op ëffentleche Evenementer benotzen. Do ware mir scho gutt opgestallt.

An trotzdem:

Op eisem Merlettëfest hu mir 600 Kilo Offall entsuergt. Offall, dee sech gréisstendeels aus deene biodegradabelen Eewee-Produkter zesummesetzt. Et gëtt also héisch Zäit dass sech eppes ännert:

Mir hunn nach bis den 1. Januar 2025 Zäit fir eis Fester offallfräi ze maachen. Ob Plastik oder biodegradabel, ab deem Moment dierfe mir keen Eewee-Material méi benotzen. Dofir profitéiere mir vum Virowend vun Nationalfeierdag 2023 fir en neie Behältersystem ze testen, zesumme mat der Lëtzebuerger Firma Luloop.

Mir stellen Iech wiederverwendbar Schosselen, Telleren a Becheren aus recycléierbarem, BPA-fräie PP & PET zur Verfügung. Se si liicht an onzerbriechlech an et passt vill dran. No all Benotzung komme se an d’Spullmaschinn vun eisem Spullweenchen a kënnen dann erëm an de weideren Oflaf integréiert ginn.

An dëser Testphas froe mir 1,00 € Pfand pro Behälter.

Dir gitt also bei Ärer Bestellung ëm en zousätzlechen Euro gefrot, deen dir zeréckkritt soubal Dir Ären Teller, Är Schossel oder Äre Becher nees op dem Stand ofgitt, wou Dir Äre Produit kaf hutt:

APERM:
Fritten –> Schossel
Gromperekichelcher –> Teller

Isa At Home:
Kniddelen –> Schossel
Chili –> Schossel

Eilenger Konschtwierk:
Sangria & Cocktail –> Becher (ouni Eewee-Schalimo)

Oklahoma Dancers:
Gin-Tonic –> Becher (ouni Eewee-Schalimo)

Et ass eis wichteg, Erfaarungswäerter an dësem Beräich ze sammelen. Mir sinn dowéinst op Äre Feedback ugewisen. D’Gemeng Reckeng op der Mess biet Iech also, vun dësem Pfandsystem esou gutt et geet Gebrauch ze maachen. Dir kënnt eis gären Är Meenung zu dëse Behälter matdeelen.

D’Gedrénks kritt dir weiderhinn am Glas zerwéiert. Och op dëse Behälter ass 1,00 € Pfand pro Stéck virgesinn:

Déi Lampecher Fliichteschësser:
Béier, Wäin, Crémant … –> Glas
Softdrinks –> 0,2 Fläschen (ouni Eewee-Schalimo)

Eewee-Schalimoe sinn aus Plastik, Pabeier/Karton, Nuddelen, Bambus, oder anere Materialien, déi een net spullen an erëm benotze kann. Méiwee-Schalimoe ginn et z.B. aus Silikon, Glas a Metall.

Recycléiert Pabeierszerwéite (kee Pfand) wäerte weiderhinn erlaabt bleiwen, dofir kritt dir bei follgende Stänn Äert Iessen ëmmer nach an der Zerwéit:

Fiederball Reckeng:
Grillfleesch –> Bréidchen & Zerwéit

Eilenger Konschtwierk:
Eisekuch, Muffins & Cookies –> Zerwéit

Zéckt net dës Informatioune mat Äre Matmënschen ze deelen. Merci fir Är Kooperatioun an Äert Versteessdemech.

L'événement est terminé.

Date

Juin 22 2023
Expiré!

Heure

18:30
QR Code
Aller au contenu principal