
Déi Grouss Kleedersammlung
Samschdes, den 18. Oktober 2025 vun 9.00 bis 12.30 Auer
Beneficiaire ass d’Organisatioun Hëllef fir ukrainesch Kanner (HUK)
Wou?
Am Gemengenatelier vu Reckeng op der Mess (53, rue Jean-Pierre Hilger)
Wat?
Gezei fir Bëbeeën, Kanner, Fraen a Männer, Schong, Brëller, Spillsaachen a Saache fir de Stot. (a guddem, propperen Zoustand an onzerbriechlech)
Hëlleft mat!
D’Kommissioun freet sech iwwert all Hëllef. Ween a flotter Ambiance eng Hand mat upake wëll ka sech um Telefon 37 00 24 – 22 mellen.
Keen Auto oder net mobil?
Mir kommen d’Gezei bei Iech Heem sichen. Rufft dofir spéitstens den 10. Oktober 2025 um Telefon 37 00 24 – 22 un.

