Geckeg Mess Volume II
D’Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht mat der KultuReck a.s.b.l. presentéiert:
Geckeg Mess Volume II – Déi Grouss Fuesparty zu Reckeng op der Mess
Simon’s Bistro (Eileng):
mam Orchester Baggy & Manu
Mess Café (Reckeng):
Mam Nico
A Millesch (Lampech):
Mam DJ Cherry
Pissenger Hütt (Piisseng):
Mam DJ Brave
An Haffen (Wickreng):
Mat DJ Claudino
- ELO NEI: 5 FUESBALER PARALLEL, EE PRO WIERTSCHAFT
- GRATIS ENTREE
- START UM 21.00 AUER
- ELO NEI: ZWOU GRATIS “HOP ON-HOP OFF” NAVETTË MAACHEN DE GANZEN OWEND DEN TOUR VUN DE WIERTSCHAFTEN
- ALL 15 MINUTTE KËNNT ENG NAVETTE
- AN ALL WIERTSCHAFT KRITT DIR EE WËLLKOMM-SHOT OFFREIERT
- PRO WIERTSCHAFT GËTT ET E PRÄISS FIR DEE SCHEINSTE FUESBOK
- FIR IESSEN A GEDRENKS ASS IWWERALL GESUERGT
- ELO NEI: ANIMATIOUN AN DEN NAVETTË MAT SAXOBEAT & TUBAMAN
- SCHLUSS UM 03.00 AUER
Powered by: Frënn vum Ale Stater Bus a.s.b.l.
Geckeg Mess – D-1
Léif Fuesboken,
egal wou Dir Iech e Samschden Owend grad befannt, all 15 Minutte kënnt eng Navette déi Iech an déi nächst Wiertschaft op deen nächste Bal ka bréngen … a wann der eng verpasst, ass déi nächst net wäit!
Déi éischt Navette start um 20.30.
Déi lescht Navette start um 3.30.
An Haffen-Gastronomie -> Simon’s Bistro -> Mess Café -> klenger Schwenker iwwer Riedgen fir eis Riedgener Fuesboken och matzehuelen -> A Millesch (Déi Lampecher) -> Pissenger Hütt -> An Haffen-Gastronomie
Mat e bëssi Chance erwëscht Dir dann och nach déi Navette wou grad Saxobeat and Tubaman dra spillen!