Déi grouss Kleedersammlung
D’Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht mat der Drëtt-Alters-Kommissioun, presentéiert
Déi grouss Kleedersammlung
Samschdes, de 7. Oktober 2023 vun 9.00 bis 13.00 Auer
Gezei fir Bebéen, Kanner, Fraen a Männer, Schong, Brëller, Spillsaachen a Saache fir de Stot. (a guddem, propperen Zoustand an onzerbriechlech)
Wou?
Am Gemengenatelier vu Reckeng op der Mess (53, rue Jean-Pierre Hilger).
Hëlleft mat!
D’Kommissioun freet sech iwwert all Hëllef. Ween a flotter Ambiance eng Hand mat upake wëll ka sech um Telefon 37 00 24 – 22 mellen.
Keen Auto oder net mobil?
Mir kommen d’Gezei bei Iech Heem sichen. Rufft dofir spéitstens den 2. Oktober 2023 um Telefon 37 00 24 – 22 un.