
Halloweenlaf
D’Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht mat der Sportskommissioun, presentéiert den
Halloweenlaf
den 23. Oktober 2021 bei der Sportshal zu Reckeng
Eenzellaf fir Kanner op engem méi klengen Tour!
Programm:
18.00 Auer: Kanner aus der Spillschoul bis 2. Schouljoer (10 Min.)
18.15 Auer: Kanner aus dem 3. bis 6. Schouljoer (20 Min.)
Ab 19.00 Auer lafen déi Grouss (90 Min.)
15 Euro pro Equipe virum Départ op der Plaz. Nordic Walker si wëllkomm! Keng Reduktioun fir eenzel Leefer.
All Tuer zielt! Pro Ronn spent d‘Gemeng 1 Euro fir de gudden Zweck!
Et gëtt keng Zäit gemooss
De Site ass fir maximal 300 Leit zougelooss. Falls des Zuel erreecht sollt ginn, behalen d’Veranstalter d’Recht den Accès op de Site ze reguléieren. Dir kënnt ären eegene Schnelltest matbréngen an dësen ënnert der Opsiicht vun eisem Gesondheetspersonal maachen. Fir laang Schlaange beim Antigen-Schnelltest am Agank ze vermeiden, biede mir iech awer, op eng vun dëse Méiglechkeeten zeréckzegräifen:
Impfbescheinegung (QR code vu myguichet.lu)
Bei 2 Dosen, ab dem Dag vun der 2. Dosis.
Bei enger Dosis „Janssen“ ab dem 14. Dag no der Impfung.
Negativt Covid-19-Testzertifikat (ab 6 Joer)
De PCR-Test (LST, Labo) ass 72 Stonne gülteg.
Den zertifiéierten Antigen-Schnelltest (aus der Apdikt) ass 48 Stonne gülteg.
Genesungszertifikat (QR code vu myguichet.lu)
Gülteg tëschent dem 11. an 180. Dag nom positive PCR-Test.
