
Julie Felten & Friends – Back To The Playground
D’Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht mat der KultuReck a.s.b.l. presentéiert
Julie Felten & Friends – Back to the Playground
Vernissage: Samschdes, de 7. November 2026 um 17.00 Auer
Expo: Sonndes, den 8. November 2026 vu 14.00 bis 18.00 Auer
Am Pëtzenhaus zu Reckeng op der Mess – 1, rue de la Montée
D’Entrée ass gratis, eng kleng Participatioun fir d’Artisten ass wëllkomm.
D’Reckenger Kënschtlerin Julie Felten presentéiert seng Austellung « Back to the Playground »:
Mat „Back to the Playground“ setzt sech d’Julie mat senger Kandheet an den Erënnerungen un d’Opwuesse zu Reckeng op der Mess auserneen. D’Ausstellung verbënnt Fragmenter aus den 2000er-Joren, wéi Game Boys a My Little Ponys, mat Erënnerungen u laang Deeg dobaussen an un d’Natur als Raum fir Fantasie an Abenteuer. Amplaz d’Vergaangenheet dokumentaresch festzehalen, gräifen d’Aarbechten d’Gefill vun enger Kandheet op, an där alles méi grouss, méi faarweg a méi spannend geschéngt huet. Zesumme mat senge Frënn bréngt d’Julie d’Ausstellung zeréck a säin Heemechtsduerf a schaaft ronderëm d’Biller e raimleche Kontext, deen d’Erënnerungen op eng nei Manéier erliefbar mécht.
Zesumme mam DJ Soliguera, der Fotografin Francesca Fazzani an de Set-Designerinnen Nina Baluesch, Sarah Schümperli a Soraia Passagem.
Flyer Design: Tom Nau


