
Konferenz – d‘Ausgruewunge vu Réisseng
D‘Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht mat der Kommissioun fir d’Geschicht an d’Erhale vum kulturelle Gemengepatrimoine, invitéiert op d‘
Konferenz – d’Ausgruewunge vu Réisseng
Ëffentlech Virstellung vun den archäologesche Fondstécker, déi momentan um Site vun der Réissenger Klaus ausgegruewe ginn. Dës Manifestation, déi am
Centre de Rencontre zu Eileng, den 20. November 2025 um 17.00 Auer
stattfënnt, offréiert Iech en historesche Bléck op de Site vun der Klaus, souwéi en Abléck an d’Resultater aus de Recherchë vum Archeolog Yannick Jakobs, an Zesummenaarbecht mam Institut National des Recherches Archéologiques (INRA – a Géigewaart vum Här Direkter David Weis) an Doku+.

