Ouschtereeërsich-Rallye zu Eileng

D’Éilenger KonschtWierk invitéiert Iech, bei eiser flotter Ouschtereeërsich mat ze maachen !

Wéini ?
Gréngen Donneschden, 14. Abrëll 2022

Wou ?
Depart an Arrivée beim Éilenger KonschtWierk (7F, am Brill L-3961 Éileng op der Mess)
Dir kënnt tëscht 10h30 a 14h30 äre Kierfche bei eis ofhuelen an da vun do aus de gezeechente Wee lass goen.

Wat genau ?
All Kand kritt bei eis en flotten handgemaache Weidekuerf, dee soll bei der Ouschtereeërsich gefëllt ginn.
Op eiser Ouschtereeërsich gitt dir en Wee of dee mir Iech op enger einfacher Kaart matginn. Op dësem Wee si verschidde faarweg Eeër verstoppt. Zil ass et, een Ee vun all Faarf ze fannen a mat dem gefëllte Kierfche rëm zréck bei eis ze kommen. Hei ginn dann d’Eeër géint flott a lecker Artikelen aus eisen Atelier’en getosch. Ënnerwee sinn e puer Spiller an Aktivitéite fir all Alter geplangt.

Fir wien ?
Dësen Event adresséiert sech un Elteren, Tatta’en, Pätter’en, Grousselteren, Educateuren oder all aner interesséiert Persoun, déi wärend der Ouschtervakanz eng flott Aktivitéit mat de Kanner (bis ca. 12 Joer) wëlle maachen.

Wat kascht et ?
Pro Kand wat e Kuerf kritt fir Eeër ze sammelen, froe mir eng Participatioun vun 18,00 €. D’Kand kann duerno de Kuerf halen a kritt en Echange vun de gesammelte faarwegen Eeër säi Kuerf mat flotten a leckeren Artikele gefëllt.

Wien si mir ?
D’Éilenger Konschtwierk ass en Atelier protégé et thérapeutique a gehéiert zu der ATP a.s.b.l. (www.atp.lu). Mir hunn e Restaurant op der Platz a bei eis kënnt Dir och eis verschidden Atelier’en entdecken.

Wéi mellen ech eis un ?
Fir d’Umeldung biede mir Iech eis eng E-Mail un eilenger.konschtwierk@atp.lu ze maachen. Dir kritt da weider Informatioune wéi dir bezuele kënnt. Eréischt wann Dir bezuelt hutt, ass är Umeldung garantéiert.

A bei schlechtem Wierder ?
D’Wierder spillt net mat oder dir kënnt kuerzfristeg awer net kommen obwuel dir ugemellt sidd ? Kommt trotzdeem äre gefëllte Kierfche bei eis déi Deeg drop sichen.

Fir Iessen a Gedrénks ass gesuergt. Et gëtt Gegrilltes, een Zalotebuffet a Kaffi a Kuch – do fënnt jiddereen eppes wat him schmaacht.

L'événement est terminé.

Date

Avr 14 2022
Expiré!

Heure

10:30 - 18:30
QR Code
Aller au contenu principal