
Tour de Flouer
D’Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht mat der Agrar- an Ëmweltkommissioun lued an op deen éischten
Tour de Flouer
Entdeckt eis Landwirtschaft an eis Kulturlandschaft! Et begéint ee sech dagdeeglech am Feldwee. Mee wat mécht de Bauer oder de Bëschaarbechter iwwerhaapt an der Gewan a wéi bleift eis Kulturlandschaft erhalen? Maacht mat eis en Tour duerch d’Gemeng a léiert d’Natur an d’Mënschen, déi an a mat der Natur schaffen, kennen. Entdeckt ënnert anerem dem Bauer, dem Fierschter, dem Imker seng Aarbecht op verschiddene Statiounen duerch d’Gemeng. Déi eenzel Acteure sti Kleng a Grouss am Bongert, am Bësch, um Feld an am Koustall Ried an Äntwert. Huelt de Vëlo aus der Garage oder ditt d’Wanderschung un a maacht Iech op de Wee. D‘Jongbaueren an d‘Landjugend Süden suerge fir lokaalt Iessen a Gedrénks beim Gemengenatelier zu Reckeng. Zu Éileng erwaart Iech d’Jugendhaus mat eppes Séissem. Mir hunn e puer Strecke vun ënnerschiddlecher Längt (9 bis 21 km) an Dauer fir Iech erausgesicht.Natierlech kënnt Dir Iech och einfach déi Statiounen eraussichen, déi Dir am interessantste fannt an e bëssen ofkierzen.
Iwwert dëse Link kënnt Dir Iech iwwert den 3-Punkte-Button d’gpx-Dateien vun den Tier eroflueden.
- 23 km (mat rouder Faarf gezeechent): Strava (gpx), Komoot (gpx) oder PDF
- 11 km Reckange-Wickrange-Ehlange-Reckange (mat bloer Faarf gezeechent): Strava (gpx), Komoot (gpx) oder PDF
- 10,5 km Reckange-Limpach-Limpach (mat grénger Faarf gezeechent): Strava (gpx), Komoot (gpx) oder PDF
Mat dobäi sinn:
1. Pompjeeën – CISMR Beim Gemengenatelier: Virstellung vum Tankwon fir Vegetatiounsbränn, Sensibiliséierung zu Bëschbränn an Accidenter am Bësch. 2. Nancy Diederich – Hobbyimkerin Beim Gemengenatelier: Beobachtungen an Erklärungen zur Hunnegbei an der Aarbecht vum Imker.
3. natur&ëmwelt Leideleng/Reckeng Beim Gemengenatelier: Spiller an Informatiounen zu Insekten a Blummen. Hierstellung vu Beiewuessdicher.
4. Minett-Kompost Beim Gemengenatelier: Virstellung vum Betrib an Aktivitéiten ronderëm d‘Enstehung vu wäertvollem Kompost.
5. Jongbaueren & Landjugend Süden Beim Gemengenatelier: Versuergen d‘Visitteure mat lokalem Iessen a Gedrénks.
6. Fierschter Beim Waassertuerm Hoën: Virstellung vum Beruff an Aufgabeberäich. Opklärung iwwert Sécherheet am Bësch.
7. Jeeër Beim Waassertuerm Hoën: Sensibiliséierung an Opklärung zur Noutwennegkeet vun der Juegd.
8. Plantations Weisen Tipps & Tricks zu Pepinièren a Landschaftgäerterei a Verkaf vu Planzen am Buttek.
9. Kopphaff Virstellung vun der Mammekéihaltung, Schwäinzuucht a Verkaf vu Fleesch am Buttek.
10. Jugendhaus Reckeng Virstellung an Ablécker an d‘Aktivitéite fir déi Jugendlech a Verkaf vu Paangescher an anere Séissegkeeten.
11. Mëllechbauer Laurent Raus Virstellung vun de verschiddenen Etappe vun der Mëllechproduktioun mat Ablécker an de Stall an d‘Produktiounsroboter. 12. SICONA Nieft der Downhillpiste: Informatiounen iwwert d‘Aktivitéiten, Virstellung vun den neie Weiere an Erkläerungen zu Amphibien.
13. Alex Van de Sluis Nieft der Downhillpiste: Informatiounen iwwert Planzeschutz, Dünger an allgemengen Ackerbau.
14. Holstein Bosseler Erklärungen iwwert Zuucht vu Jongvéih, Visitte vum Stall a Verkaf vun Eeër.
15. Fair Mëllech Erklärungen vun der Kou bis zur Mëllech. Verkaf vu Mëllechprodukter a klenge Glacëstand.
16. Pretemer Haff Visitte vum Atelier, Bäckerei a Bongerten. Verkaf vu Produiten am Buttek.
17. Rollrasen Van de Sluis Erklärungen zu de verschiddenen Etappen an der Produktioun vum Rollrasen. Virstellung vum Betrib an de Maschinnen.
18. APEMH Sensibiliséierung, Virstellung vun den Aktivitéiten – Zären, Geméisubau, Déierenzuucht an Déierepensioun.

