
Vegetaresche Kachcours
D’Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht mam Fairtrade Team, invitéiert op e
Vegetaresche Kachcours
den 21. an 22. Oktober 2025 A Millesch zu Lampech
Thema vum Owend: Fair & regional Hierschtkichen
ënnert der Leedung vum Nadine a Viviane
Kacht mat eis e vegetaresche Menü vun der Amuse-Bouche bis bei den Dessert!
Lass geet et um 18.30 Auer „A Millesch“ zu Lampech.
Mir kachen zesummen a loossen eis et da gutt schmaachen. D‘Participatioun kascht 35 Euro. U béiden Deeg steet de selwechte Menü um Programm. Opgepasst, d’Plaze si limitéiert. Infoen zur Iwwerweisung an Umeldung bis den 13. Oktober 2025 beim Tim Drauth um 37 00 24 – 9 oder tim.drauth@reckange.lu

