Vegetaresche Kachcours
D’Gemeng Reckeng op der Mess, an Zesummenaarbecht mam Fairtrade Team, invitéiert op e
Vegetaresche Kachcours
de 15. a 16. Oktober 2024 A Millesch zu Lampech
Thema vum Owend:
Fair & regional Hierschtkichen
ënnert der Leedung vum Nadine a Viviane
Kacht mat eis e vegetaresche Menü vun der Amuse-Bouche bis bei den Dessert! Lass geet et um 18.30 Auer „A Millesch“ zu Lampech. Mir kachen zesummen a loossen eis et da gutt schmaachen. D’Participatioun vu 35 Euro gëtt op der Plaz bezuelt. U béiden Deeg steet de selwechte Menü um Programm. Opgepasst, d’Plaze si limitéiert! Infoen an Umeldung (bis den 9. Oktober 2024) beim Sonja Heyard-Ries um 591455 oder sonja.heyard@reckange.lu.