logo

Hire Numm « Stieleiche » krut si, well hir Friichten (1-3) un engem laange Still hänken. Summereech gëtt se genannt well se de Wanter keng Blieder huet. D’Blieder sëtzen op engem kuerzen Still vun 1-2cm.

De Stamm wiisst e puer Meter héich, duerno kritt e 4-5 Äscht, déi niewteneen bis an d’Spëtz wuessen. Alter: 600-1000 Joer a 40m héich. Ausnahm 1400 Joër al.

  • Traubeneiche/Wintereiche      Wantereech, Drauweneech
  • Chêne sessile                                 Quercus petraea

De Numm « Drauweneech » krut de Bam well seng Eechelen un engem kuerzen Still (4-6 Friichten) als eng Kludder do hänken, grad esou wéi d’Drauwen un der Rief.

De Bam behält seng Blieder, déi e laange Still hunn (2-5cm) an iwwert de Wanter bis an den Abrëll um Bam bleiwen, dofir hiere Numm. Der Wantereech hire Stamm geet duerchgehend bis an d’Spëtz a säitlech dovu wuessen d’Äscht erop. Alter 500-800 Joer a 25-35m héich.

Déi Eech virun eisem Schëld kéint een och “Hybrid” nennen, well se huet eng Eechel um laange Still a Blieder mat kuerzem Still wéi d’Summereech. Se huet awer en duerchgehende Stamm a Blieder bis an den Abrëll, wéi d’Wantereech.

D’Eech ass och eng Heelplanz. D’Schuel gëtt gekacht, 3 Iessläffelen mat Waasser vermëscht, dann de Mond spullen, an der Strass guergelen an Ëmschléi bei Ekzema maachen.

Eechen hu fréier Holz geliwwert fir Schëffer ze bauen. 1200 Eechen fir e klengt Schëff an 2000 fir e Grousst.

Well z.B. d’Réimer keng jonk Eeche nogeplanzt hunn, sinn déi grouss fräi Plazen plakeg bliwwen an et gëtt vill Erdrutscher.

Am 18ten Joerhonnert huet England, wat deemols eng Weltmuecht op dem Waasser war, 500.000 Eeche gefällt fir Schëffer ze bauen.

Wa mer duerch de Bësch spazéieren ginn, gesi mer vill schéin aal Eechen (méi ewéi 200 Joer) déi schnouerriicht gewuess sinn a bis 25m héich keng Säitenäscht hunn. Also e Stamm ouni Kniet (ganz wertvoll).

Fréier hunn d’Leit, wa jong Eechen ugefaang hunn ze wuessen, ronderëm Biche geplanzt. Well d’Biche méi séier wuessen, huet d’Eech dertëscht misse schéi riicht wuessen fir an d’Liicht ze kommen, a well hiere Stamm am Schiet vun de Bichen eropgewuess ass, krut e keng Säitenäscht, also och keng Kniet.

Gebraucht gëtt d’Holz fir Wandmillen, Fässer, beim Bréckebau, fir Eisebunnsschwellen, Miwwelen, Parket a Plackage.

Fir dem Cognac e gudde Goût ze ginn, huelen d’Franzousen dofir nëmmen Holz vun der Wantereech.

Am Mëttelalter goufen déi aarm Leit an enger Dännelued begruewen, mee déi Räich koumen an eng zolidd Eechelued, fir dass den Däiwel net erakoum fir hir Séil ze huelen.

Wëssenswäertes iwwert d’Eechen

  • Maarkollef a Kaweechelchen, déi vun Eechele liewen, verstoppe fir Wanterreserven d’Eechelen am Buedem. Déi se net erëmfannen, gëtt nei Beem.
  • Et gëtt e klengt Insekt – eng „Eichengallwespe“, déi stécht an d’Odere vun de Blieder e Lach a leet doran en Ee. Als Reaktioun kréit d’Blat eng Wucherung, genannt „Gallapfel“, an deem d’Larv geschützt ass, an och eppes z’iessen hat. An dem Gallapel sinn och vill Gierfstoffer enthalen.
  • Wann een elo d’Gierfstoffer mat Eisesalzen verbënnt, da kritt een eng donkel Flëssegkeet, genannt „Eisengallustinte“. Déi Tënt ass laang gebraucht ginn fir Dokumenter ze schreiwen, an esou weider.
  • An de Krichszäite goufen d’Eechele geréischtert fir Ersatzkaffi.
  • D’Schwäi goufen an d’Bëscher gedriwwe fir se ze mäschten, an d’Kéih fir méi Mëllech ze ginn. Dat gouf awer iergendwann verbueden well se d’Eechelen all gefriess hunn a verhënnert hunn, dass nei Eeche wuesse konnten. A Spuenien joen d’Baueren hir Schwäin awer nach an hir Kork- a Steeneechebëscher, an déi beim Schluechte wonnerbar Hame liwweren an en extrae Goût hunn. D’Fleesch heescht „Pata Negra“.
  • Am Éislek hu se hir Louhecken geschielt, d’Schuel an d’Liederfabricke geliwwert, wou se da mat der Haut vun den Déiere vermëscht gouf. Da si se gekacht ginn an esou krute si hiert Lieder geschmeideg.
  • Säit kuerzem sinn d’Eeche befall vum „Eichenprozessionsspinner“. Op dat Insekt musse mer oppassen, well seng Hoer si gëfteg a wa mir mat deenen a Kontakt kommen, gëtt et Entzündungen op der Haut.
  • Joerhonnertelaang war d’Eech fir d’Leit helleg, well si war dem Donnergott „Donar“ geweiht. Wa si vum Donnerwieder verschount goufen, hu si him Geschenker bruecht an ënnert der Eech gedanzt fir dem Gott Merci ze soen.
  • Sou wéi an eise Géigenden de Wanderpriedeger Willibrord bei eis passéiert ass, um Wee vun Irland no Tréier, wou hien d’Kathedral op d’Been gestallt huet (an iwwer Piisseng, wou eng Willibrordus-Kapell ass), esou ass duerch Däitschland de Wanderpriedeger Bonifazius an eng Uertschaft komm wou d’Leit just amgaang waren, Kaddoen auszepaken an ze danzen ënnert der Donareech, déi bal 1.000 Joer al war. Hien huet mat hinne gestridden a gesot dee Bam wier net helleg, keen Donar géif do dra wunnen, mee den Härgott wär iwwerall ze fannen an d’Leit sollten him Merci soen. D’Leit waren net iwwerzeegt. Hie sot dunn: Wann ech dann elo deen hellege Bam mat enger Aaxt ëmhaen an de Donar strooft mech net, gleeft der dann, dass hien net am Bam sëtzt? Hien huet de Bam ongestrooft ëmgehaen an esou seng Aarbecht als Missionär gemat.
Aller au contenu principal