Echte Mispel – Hondsaasch
De Karl von Linné, e Schwedesche Naturforscher huet em 1750 probéiert, Ordnung an d’Planzewelt ze kréien., an se mat laténgeschen Nimm versinn, bei senge Reesen duerch Europa. Et ass him en Iertumm ënnerlaf. Well hien nach keen Hondsaasch gesinn hat, an an Däitschland deen eischte fond huet, huet hien dofir gemengt et wier eng Planz aus Däitschland an hien huet se “mespilus germanica” genannt (deutsche Mispel) Seng richteg Heemecht luch awer a Westasien.
E koum ëm 3000 viru Christus iwwer Griechenland an Italien an an d’ganzt Mëttelmier. An d’Réimesch Zaldoten hunn e bäi äis matbruecht.
Numm bei de Griechen: “Mespilon”
Numm bei de Réimer: “Mespilus”
E gouf spéider “Apfel der Römer” genannt. Duerch d’ganzt Mëttelalter goufe seng vitaminräich Friichten am Oktober giess. (An eise Géigenden ginn d’Friichten eréischt nom éischte Frascht zeideg)
Vun 1300 – 1700 hunn d’Leit dem Hondsaasch iwwernatierlech Kräften zougesprach, an de “Speer” deen aus sengem Holz gemaach gouf, huet säin Ziel ni verfeelt.
Säin Holz gouf geholl fir Holzkuelen. Mat sengen Friichten gëtt haut nach Gebeess gekacht a Schnaps gebrannt.