logo

Gewöhnliche Rosskastanie – Wëlle Käschtebam

De Numm “Rosskastanie” huet de Bam kritt well en aus der Tierkei heihi koum an d’tierkesch Päerdskniechten hir Päerd domat gefiddert hunn, dass se solle méi staark ginn, a si hunn och domat den Houscht bei de Päerd kuréiert. De Numm “hippocastanum” besteet aus deenen zwee griechesche Wierder “Hyppos” = Päerd an “castanon” = Käscht.

Niewt der Wëllkäscht gëtt et och nach eng zweet, an zwar d’Iesskäscht vun deer mer méi spéit schwätzen. Witzeg ass awer wéi d’Franzousen déi zwou Käschtenzorten mat hire Friichten nennen. “D’Wëll Käscht” ass e marronnier d’Inde an d’Fruucht ass eng “châtaigne”. D’Iesskäscht ass e châtaignier an d’Fruucht ass e “marron”.

Fréier ass an de Béiergäert am Keller mat Äisplacken de Béier gekillt ginn oder e luch déif am Buedem, wou et frësch a kill war. Wann d’ Wiert awer wéinst Grondwaasser kee Keller konnte maachen, huet de Käschtebam, dee jo bekanntermoossen vill Schiet wërft, als Béiergaardebam missen duerhalen.

Am Mëttelalter war de Käschtebam och e Rheumabam. D’Rezept war: 3 Käschten an der Täsch dréiwen de Rheuma fort.

Et gouf och gesot: 1 Käscht an der Täsch, dann hues du ëmmer Geld.

A Noutzäiten hunn d’Kanner Käschte gesammelt, a well déi Saponin enthalen, goufen se als Ersatzseef gebraucht. (vu saponin kënnt dat franzéischt Wuert “savon”)

D’Leit hunn och nach Käschte gemuel a mat Miel gemëscht fir ze baken

Aller au contenu principal