logo

Bastard Schwarzpappel – Baaschtert Schwaarzpëppel

« Baaschtert oder Hybrid » ass et well duerch d’Agräife vum Mënsch zwou verschidde Pëppelen matenee gekräizt goufen.

Ëm 1750 hunn d’Franzousen eng Europäesch Pëppel mat enger Amerikanescher gekräizt. Déi nei Pëppele wuesse méi séier, gi méi déck an hu bis 10 Meter héich keng Äscht. Si wuessen 1 Meter pro Joer a sinn mat 80 Joer (total 300 Joer) ausgewuess (40 Meter),bréngen also méi séier Geld eran, ginn awer och vu Mëspel befall.

Em 1800 huet an Italien eng Schwaarzpëppel en “Ableger” produzéiert, an dat gouf déi eischt Pyramidepëppel, an déi huet kee Mëspel.

D’Pëppele goufe gebraucht fir Pabaier, Fixspéin, Spanplacken, Schong, Gewierschaften a Prothesen ze maachen. (Si ware liicht) Zou deeer Zäit war den Honnertjährege Krich am gaang an d’Zaldote sinn vun enger Schluecht an déi aner gezunn. E Gewierschaft aus Pëppelholz war méi liicht ze droen wéi déi Nossholzschaften, déi méi schéin sinn awer nëmmen vun Zäit zu Zäit gedro ginn. (Juegd)

 

Wann déi laang, muusseg Kätzercher am Fréijoer opplatzen, gesäit de Buedem aus wéi wann e mat wäisser Woll zougedeckt wier. D’Woll gouf gebraucht fir Këssen an Decken ze fëllen, an sie war esou mëll a waarm ewéi déi vun der Eiderint, a vill méi bëlleg.

Well déi Pyramidepëppele schmuel an héich sinn, goufe se als Stroossebeem geplanzt, an och bei de Kapellen, de Kléischter an de Bauerenhaiser als „Blitzableiter“ geholl.

 

Déi echt Schwaarzpëppel ass um Ausstierwen, et fënnt een se nach op Plazen um Ufer vu Rhäin an Donau.

Aller au contenu principal