logo

Dat däitscht Wuert „Brombeere“ kënnt vun deem alen däitsche Wuert „Bram“ – „Dorn, dornige Pflanze“ – a seng schwaarz Friichte ginn him den Numm „Schwaarzbier“.

De Schwaarzbier ass eng Heelplanz. Seng Blieder ginn en Téi géint den Duerchfall, fir ze guergelen, an als Fréijoerskuer. Wann en Aascht Kontakt mam Buedem huet, kann hien do Wuerzele maachen a mir hunn en neie Stack. Am zweete Joer dréit hie Friichten an duerno stierft den Aascht of.

An der Natur oppassen: Friichten ënnert engem Meter héich droen d’Gefor vum Fuussbandwuerm mat sech.

De Schwaarzbier liwwert äis Saaft, Wäin, Likör a Gebeess. Am Gaart gëtt et eng Zuuchtform mat méi décke Friichten an ouni Picken.

Lëtzebuerger al Spréchwierder sinn:

„E kuckt dran wéi wann en an d’Bréime gefall wier.“

„Dee Branntewäin do kraazt, wéi wann een engem géif eng Bréimenheck duerch d’Strass zéien.“

Verwiessele kann een de Schwaarzbier mat der „Kratzbeere“, déi e bloe Schimmer huet a méi déck Friichten, dohier den Numm „Päerdsbier“, well d‘Päerd jo och méi grouss sinn.

Aller au contenu principal