logo

“Eberesche” huet näischt mam männleche Wëllschwäin ze dinn, mä mat zwee Geléierter déi sech gestridden hunn. Well d’Blieder uweisen, et wier eng Esch war et fir deen een och eng Esch, deen anere sot et wier eng falsch Esch. Am alen Däitschen war falsch “aber” an esou ass aus enger Aberesch eng Eberesch entstanen.

“Aucuparia” kënnt vun aves capere = Vögel fangen, dofir ass de franzéische Numm “sorbier des oiseleurs”.

Well d’Vullen, déi Friichte gäer hunn, gouf en och Vullekiischtebam genannt, wat awer falsch war, well en huet keng Ringelborke. D’Leit hu fréier Bengele mat Pech vun de Bierken oder vum Mëspel ageriwwen, a wann d’Vullen (Spréiwen, Märel oder Dréischel) sech op d’Bengele gesat hunn, a no de Friichten gepickt hunn, da sinn se net méi fortkomm, an d’Leit hu se geholl a giess.

De wëssenschaftleche Numm kënnt vu “sorbere”: “verzehren”

Aus de Friichten maache mir Téi fir Appetit ze kréien, fir ze guergelen a fir d’Verdauung.

Mat de Friichten kann een och nach Kompott, Gebees a Likör maachen. D’Friichte vum sorbus aucuparia enthalen sorbit. Dat gëtt gebraucht als Zockerersatz fir Diabetiker.

Aller au contenu principal