logo

De Numm “Walnuss” huet keng Verbindung zum Wuert Walfësch, mä hie kënnt vun “Welsche Nuss”. D’Welschen war de Numm vun engem Vollékstamm aus Norditalien. Si hunn Handel gedriwwen mat hiren nërdleche Noperen. Esou koum d’Noss duerch si an eis Gégenden.

De Nëssert ass och eng Heelplanz. Fënnef Téiläffelen kleng geschnidde Blieder, a Waasser erhëtzt, si gutt fir Emschléi bei Ekzemen oder fir ze guergelen.

Wëssenswertes iwwert de Nëssert:

Virun 12000 Joer war hei Äiszäit mat 1 -2 Meter héigem Äis. Lues a lues ass déi Zäit eriwwer gaang a vum Süden erop hunn d’Planzen sech op de Wee gemaach iwwer d’Tierkei – Griechenland – Italien an eis Géigenden. Em 780 huet de Keeser “Karl de Groussen” op enger Rees duerch säi Land iergendwou Nësserte gesinn. Hien huet d’Nëss geschmaacht an du diktéiert, dass a sengem Räich all Duerf Nësserte misst uplanzen. Em 1750 huet d’Keeserin Maria Theresia den Uerder erausginn, dass bei all Bauerenhaff Nësserte misste geplanzt ginn. De Nëssert war wichteg bei de Ställ, well säi Geroch verdreiwt d’Mécken. Géint d’Matten hunn d’Leit och Nossblieder an d’Schief geluecht.

Well eng Noss d’Form vun engem Embryo huet, war si am Mëttelalter d’Symbol vun der Fruchtbarkeet. Doduerch huet all Fra no der Hochzäit all Dag missen e Grapp Nëss iessen, dass si séier Kanner kritt. Déi al Leit am Haus hu geduecht bei ville Kanner wir och eent derbäi, dat no hinne géif kucken, well si jo keng Rent haten.

Mam Holz vum Nëssert goufen Miwwelen, Parket, Plackag, schéi Gewierschaften, Schachbrieder, Auereschief, Päifen a Muséksinstrumenter gemat.

Mat de Nëss mécht een haut Nossglace, Nosskuch, Nossueleg an och eng gutt Nossdrëpp.

Kontroll 1986: Weltproduktioun 850.000 Tonnen am Handel. Mat deenen, déii vun de Leit selwer giess goufen, kënnt ee gutt op 1.000.000 Tonnen.

Aller au contenu principal