logo

Eingriffeliger Weißdorn – Eegrëffelegen Hodar – Zweigriffeliger Weißdorn -Zweegrëffelegen Hodar

En heescht “Weißdorn” well en eng zimlech hell Schuel huet. Säi Numm “Hodar” seet äis, dass et eng Heckeplanz ass, well fréier hu se fir eng Heck eng “Ho” gesot. Am Eisléck gëtt et de Sproch: “Hecken an Hoen, loosst se stoen.”

Et gëtt 2 Zorten: Den eegrëffelegen Hodar, deen nëmmen ee Kär huet, an den zweegrëffelegen Hodar, deen zwéi Griffelen huet, an dofir och zwéi Käeren kritt. D’Blieder vun deem eegrëffelegen Hodar sinn déif ageschnidden, beim zweegrëffelegen Hodar sinn se nëmmen hallef esou déif ageschnidden. Mir fannen awer Planzen déi di zwou Zorte Blieder hunn, da sinn et Hybriden.

Den Hodar ass eng wichteg Heelplanz, en ass häerzwirksam, dat heescht hie stärkt d’Altershäerz. Hien hëlleft bei Häerzrhythmusstéierungen an hie reguléiert eise Blutdrock.

Mir mussen awer bei Häerzproblemer fir d’éischt bei den Doktor. Den Téi huet keng Niewewirkungen, dofir dierf een e joraus, joran drénken.

Och ganz vill Déierenaarten profitéieren vum Hodar. Mir fannen enner anerem méi wéi 30 Vullenaarten, 17 Mamendéieren (Maus etc.) an iwwer 150 Zorten Insekten.

Am Mëttelalter war den Hodar “die Apotheke des kleinen Mannes”. Säi laténgeschen Numm “crataegus” kënnt aus dem griicheschen “crataios”: “hart”. Gebraucht gouf hien fir Spadséierbengelen, Riechzänn an Heel – a Schëppestiller.

Aus Hodar an der Bléi goufe Girlande geflecht an déi sollten d’Brautpuer an hirt Haus an Haff viru Geeschter schützen. D’Bléien am Mä goufen och geholl fir dee kommende Summer ze begréissen, an d’Straiss sinn an der Kierch opgehaange ginn. A Noutzäiten (Kriich etc) goufen d’Käere gemuel fir Ersatzmiel an si goufen och geholl fir Kaffiersatz.

Et ass vill Aarbecht, mee d’Gebeess vum Hodar ass extra gutt.

Aller au contenu principal