logo

Esskastanie/Edelkastanie – Iesskäschtebam

Hir Heemecht ass d’ëstlecht Mëttelmier. Vun do aus huet se sech iwwert de ganze Süden verbreet. D’Réimer hu se mam Wäibau an eis Géigende matbruecht. Haut fanne mir se am Westschwarzwald, am Rhäindall, Saardall a Museldall well do méi e mëllt Klima ass, mat manner Frascht, soss ginn d’Friichte net zeideg. Sou ass et och mat den Drauwen.

Déi jonk, schlank Stämm sinn och gebraucht gi fir Staachen, un déi si d’Drauwestäck konnten drustrécken. Dass hei net hir richteg Heemecht ass, gesi mir dass de Bam nërdlech vun den Alpen +/- 200 Joer al gëtt, am Süden awer bis 500 Joer, an 30 m héich gëtt an 1 m Duerchmiesser huet. A senger richteger Heemecht vermehrt hien sech selwer (Fruucht-Bam), an eise Géigenden muss en ugeplanzt ginn. Numm: „Castanea sativa“, „sativa“=ugeplanzt.

Bis an d‘17. Joerhonnert war d’Iesskäscht e wichtegt Nahrungsmëttel fir déi aarm Leit, well si enthält 45% Stäerke an 150-200 kg sinn duer gaang fir e ganzt Joer. Si gouf och genannt „Brout aus dem Süden“. Duerno ass deenen aarme Leit hiert Brout lues a lues emgehaae ginn fir Plaz ze maache fir d’Entwécklung vun der Industrie, déi Land gebraucht huet.

D’Holz ass gebraucht gi bei Schëffsbau, Fässer a Wangertsstaachen.

Spréchwieder aus där Zäit:

Wäin a Käschten gi mateneen.

Wann et Käschte gëtt, gëtt et och Wäin.

Aller au contenu principal