Gemeiner Efeu – Gewéinlecht Wantergréng
Déi verschidde Nimm erklären de Sënn vun dëser Planz „Wantergréng“. En ass also d’ganzt Joer gréng. „Efeu“ Dat wuert kënnt aus dem fréiere germaneschen “iwe”, wat „éiweg“ heescht.
„Hedera helix“ kënnt aus dem griecheschen ; Hedra = Sitz, an helissein = klammen.
Wann d’Wantergréng sech ausdehnt, da kräicht et no alle Säiten iwwer de Buedem. Säi Sëtz gëtt also ëmmer méi grouss. Om Buedem hält et sech mat „Kriechsprossen“ un, a saugt aus dem Buedem Nahrung op. Fënnt et en „Hindernis“, Bam oder Mauer, da klëmmt et mat Hëllef vu sengen „Haftsprossen“ an d’Luucht. (Haftsprossen si just fir sech unzehalen, si sauge keng Nahrung eraus). Ass et e bësse geklommen, da fängt et un ze bléien, an duerno Friichten ze kréien. (D’Bléien am Hierscht an d’Friichten am Fréijoer) Doduerch ass et eng „Zweejoersplanz“. Dat heescht, et liwwert am spéiden Hierscht nach Nektar fir d’Insekten, an am Fréijoer Friichten fir d’Zuchvullen, déi aus dem Süden zeréckkommen.
Vun do un verwandelt et säi gelappt Blat an e normalt Blat, wéi een un der Planz gesäit.
Fréier war et Brauch, dass d’Hochzäitspuer mat Seeler vum Wantergréng emwéckelt gouf, fir dass hiert Bestiednes éiwech halen sollt.
Bei de Réimer war de „Bacchus“ de Gott vum Wäin. Op Biller gouf hien duergestallt mat engem Wäiglas an der Hand, dat mat Wantergréng emwéckelt war, mat dem Wonsch „dass et éiweg sollt Wäin ginn.“